Kultur
D'Kand am Mann Karsten Dusse
Haaptberufflech ass de Karsten Dusse Jurist. Dem breede Publikum ass en awer als Texter fir Comedy-Formater, wéi "Ladykracher", bekannt, oder als Auteur vu Bicher iwwer skuril Rechtsfäll. Säin éischte Roman "Das Kind in mir will achtsam morden" ass 2019 quasi iwwer Nuecht zum Bestseller ginn. D'Lauschterbuch, interpretéiert vum Acteur a Comedian Matthias Matschke, gouf mam "Hörbuchpreis 2020", an der Kategorie "Beste Unterhaltung", ausgezeechent. Mëttlerweil gëtt et och eng Versioun vum Karsten Dusse selwer. D'Kerstin Thalau huet se gelauschtert.