Kultur
D'Kënschtlerin Se-Lyung Moon kënnt net vum Mound
D'Südkoreanerin Se-Lyung Moon hat schonn e Soziologie-Diplom aus hirer Heemecht an der Täsch, wéi si sech 2007 op der Konschthéichschoul zu Metz ageschriwwen huet. No hirem Ofschloss 2010 war si eng Zäitchen an der Kommunikatioun aktiv, mee mëttlerweil fillt si sech am Konschtberäich méi wuel, huet sech mat hiren Installatiounen an der Lorraine en Numm gemaach. Virun dräi Joer konnt een hir Aarbechten och zu Lëtzebuerg entdecken.
De Konschtlibraire Hans Fellner war beandrockt an huet d'Se-Lyung Moon zesumme mat der Illustratrice Keong-A Song fir eng gemeinsam Expo invitéiert. D'Kerstin Thalau iwwer "Moon-Song".