Kultur
En "hors-champ" an den historesche Kontext setzen
Beim Christian Aschman senger Fotoausstellung "hors-champ", déi bis den 29. November am CNA zu Diddeleng gewise gëtt, handelt et sech ëm eng Aart objektiv a subjektiv Dokumentatioun vun der Demolitioun vum Site vum Mierscher Agrozenter, deen 1959 opgaange war an elo Residenzen an dem Commerce Plaz maache muss.
Vu datt an der Expo just 90 vun 800 Fotoe gewise kënne ginn, nieft der visueller och eng gréisser historesch Recherche geleescht gi war, huet de CNA decidéiert, eng Publikatioun zum Theema erauszebréngen. D'Kerstin Thalau ass vun der Marguy Conzémius vum CNA méi doriwwer gewuer ginn.