Kultur
Eng nei Knëpptechnik fir d'Squatfabrik
7 min
Eng Partie Kulturhaiser hunn décidéiert, de Summer iwwer de Kënschtler vu Lëtzebuerg, mat neien Aktiounen, eng speziell Plattform ze bidden. Sou huet zum Beispill d'Escher Kulturfabrik de Projet "Squatfabrik" lancéiert: all puer Woche sinn zwee bis dräi Kreativer, um Terrain vun der Kufa, a Konschtresidenz. Wéi si hier Zäit gestalten, ass hinnen iwwerlooss. Mee de Public huet Zougang zu hirem temporairen Atelier an um Enn ass e Finissage. Sou zum Beispill den éischten August vun 18 Auer un. D'Kerstin Thalau iwwert de "Get-out!" vun der Sara Caldarola an dem Rod Bäiz.