arrow_back_ios
Kultur
Mam Gilles Coulon eng besonnesch Nuit Blanche erliewen
Clierf ass net just duerch säi Weltkulturierwen, dem Edward Steichen seng berüümt Fotoexpo "Family of Man" am Clierfer Schlass, "Cité de l'image". Zanter 2008 kënnt Dir uechter d'Stad, am ëffentleche Raum, Fotoserië vun zäitgenëssesche Fotografe gesinn, déi all 12 Méint wiesselen. Zanter Mëtt Juli presentéiert de Gilles Coulon zum Beispill, am "Jardin de Lélise", hanner der Kierch, seng Aarbecht "White Night". D'Kerstin Thalau gouf vum Fransous méi iwwer seng Faszinatioun fir eng kal Luucht gewuer.