Kultur
"PFH": no der VR-Installatioun eng analog Publikatioun
Am Québec steet d'Ofkierzung "PFH" fir "putain de facteur humain". Gemengt ass domat, datt dem Mënsch seng Capacitéit bei Schwieregkeeten ewechzekucken, en negativen Afloss op d'Entwécklung vun eiser Geschicht kann hunn. Sech ze konfrontéieren an ze handele verwandelt de "PFH", dem kanadeschen Astrophysiker Hubert Reeves no, an e "précieux facteur humain". De Kënschtlerduo Karolina Markiewicz a Pascal Piron hat am CNA bis de 26. Juli eng VR-Installatioun zum Theema "PFH" presentéiert. Als Extensioun kënnt eng Publikatioun zu der Expo eraus. Explikatioune Kerstin Thalau.