arrow_back_ios
Kultur
E "Moon-Song" fir ze kucken
Ufanks 2021 wäert den Hans Fellner säi Konschtbicher-Buttek an der Louvignys-Gaass fir ëmmer hanner sech zouspären, awer bis dohinner presentéiert de studéierte Konschthistoriker net just eng Hellewull spannend Bicher, mee och déi eng oder aner Konschtausstellung. De 25. Juli ass zum Beispill Vernissage vun der Expo "Moon-Song". Fir déi huet den Hans Fellner, deen e Faibel fir asiatesch Konscht huet, zwou Koreanerinnen invitéiert. D'Kerstin Thalau war beim Accrochage dobäi.