Kultur
D'Marina Smorodinova verdeelt Stärestëbs an de Rotonden
D'Kënschtlerin Marina Smorodinova, Joergang 1988, lieft a schafft zu Metz an zu Paräis. Déi gebierteg Russin war 2017 fir d'Triennale de la jeune création an de Rotondë selektionéiert ginn. Fir hir Foto-Audio-Installatioun war si am Virfeld der Fro nogaangen, wéi d'Mënsche weltwäit hire Rapport zu hirer Stad gesinn. Sozial Interaktioune si bis haut e wichtege Sujet fir d'Kënschtlerin. Bis den 31. August presentéiert d'Marina Smorodinova de Video "Du corps et du ciel" an der Buvette vun de Rotonden. D'Kerstin Thalau mat Explikatiounen.