Kultur
Dance from home
D'Méint vum Confinement ware schwiereg Zäiten fir ArtistInnen. De Centre de Création Chorégraphique Luxembourgeois, kuerz TROIS C-L, huet sech do eppes afale gelooss. Si hunn Dänzer an Dänzerinnen opgeruff eng Choreographie doheem ze produzéieren an als Video-Clip opzehuelen. Et goufen da bei "Dance from home" zwee Präisser an zwee Gewënner. De Publikumspräis ass un de Remy Pagard mat "Daily Feeling" gaangen, an den internationale Juryspräis krut de Georges Maikel Pires Monteiro mat "It Gets Better".
D'Valerija Berdi huet den Direkter vun der Banannefabrik Informatiounen iwwer déi zwee Gewënner gefrot a wollt och wëssen, ob dës Initiativ just wéinst dem Confinement entstanen ass.