arrow_back_ios
Kultur
"Luxembourg: de la forteresse au patrimoine mondial"
Viru ronn 25 Joer ass d'Alstad mat de Reschter vun der Festung an d'Lëscht vun den UNESCO-Weltkulturierfschaften opgeholl ginn. Fir d'Équipe vun der Stater Fotothéik war domat séier kloer, datt dësen Anniversaire de Point de départ fir hier traditionell Summer-Foto-Ausstellung am Ratskeller vum Cercle Cité géif ginn. Oder de Point d'arrivée? Wat iech ënnert dem Titel "Lëtzebuerg, vun der Festung zum Weltkulturierwen" erwaart, weess d'Kerstin Thalau.