arrow_back_ios
Kultur
Anselm Neft - Die bessere Geschichte
Den 13-järegen Tilman Weber ass iwwerglécklech, wou hien an en Internat kënnt. Hei gëtt hien unerkannt, respektéiert, ka seng Loscht op d'Wëssen ausliewen a léiert d'Ella kennen, e Meedchen, an dat hien sech verléift. Fräiheet, Bildung a Frëndschaften hunn hei en héije Präis... Den däitsche Schrëftsteller Anselm Neft weist a sengem Roman "Die bessere Geschichte" wéi sexuelle Mëssbrauch vu Jugendlechen ganz subtil an manipulativ realiséiert gëtt. Valerija Berdi huet d'Buch gelies.