arrow_back_ios
Kultur
Seriekritik: "terrorisme, raison d'état"
"Terrorisme, Raison d'état" heescht d'Arte Dokumentatioun, déi de Krich géint den Terrorismus hannerfreet. Interessant un der Doku sinn Temoignage vu Mënschen, déi bei Decisiounsprozesser oder Informatiounsprozesser derbäi waren. Zum Beispill sinn eng Rëtsch deemoleg Direktere vun de Geheimdéngschter aus Israel, Groussbritannien, Frankräich awer och vun der CIA an der NSA déi hir Perspektiv erzielen. Och de fréiere franséische Generalsekretär Dominique de Villepin ass derbäi.