Kultur
Anselm Neft
Mat sengem neie Roman "Die bessere Geschichte" beandrockt den däitsche Schrëftsteller Anselm Neft de Feuilleton. Sexuelle Mëssbrauch vu Kanner gëtt hei mat ganz vill Subtilitéit a Courage thematiséiert. Den Anselm Neft ass awer och Slammer, schreift fir verschidden däitsch Zeitungen wéi d'Zeit a seng satiresch Texter sinn och mol an der Titatic ze fannen. Op Invitatioun vum Institut Pierre Werner ass hien zesumme mam Francis Kirps am Parvis vun der Abtei Neimënster opgetrueden. Valerija Berdi huet mam Anselm Neft geschwat.