Kultur
D'Expo "Gëscht, haut, muer" leet den Accent op "haut"
Fir dëse Summer hat d'Équipe vum Mudam Grousses geplangt: eng Zort zäitgenëssesch "Family of Man"-Versioun vun der weltberühmter Expo vum lëtzebuergesch-amerikanesche Fotokënschtler Edward Steichen. Vu datt dofir net just déi intern Mataarbechter gefuerdert gewiescht wieren, ma och en externen Apport néideg war, huet de Projet, aus Confinements-Grënn, op den Hierscht misse verréckelt ginn. An der Tëschendzäit kënnt dir am Pei-Musée d'Ausstellung "Hier, aujourd'hui, demain" entdecken. D'Kerstin Thalau ass vun der Curatrice Marie-Noëlle Farcy méi gewuer ginn.