arrow_back_ios
Kultur
Gaston Carré: L'Année du Rat. Les métamorphoses de l'homme confiné
Lues a lues kommen déi Bicher op de Maart, déi een als Confinements-Literatur ugekënnegt respektiv ugedreet krut. Dem Journalist an Auteur Gaston Carré säi Buch ass eng Sammlung vu 34 kuerzen Texter, alleguerten op genee anerhallef Säite kalibréiert, ongeféier d'Läängt vu senge Leitartikelen iwwer Baussepolitik am Lëtzebuerger Wort. Et sinn Iwwerleeungen iwwer verschidde Facette vun der Covid-Kris. De Michel Delage huet et gelies.