Kultur
En ausgestuerwene Kornischong suergt fir (eng) Diskussioun
8 min
Bis den 12. Juli inclus presentéiert d'Fotografin a Sculptrice Justine Blau, Joergang 1977, an der Diddelénger Galerie "Nei Liicht" Iwwerleeungen zum Thema "Vida inerte", also "nature morte". Point de départ war dem Darwin seng Collectioun vu gedréchente Planzen, an de Constat, datt dovunner bis haut ee Specimen ausgestuerwen ass: de Kornischong "Sicyos villosa". A Kollaboratioun mat Wëssenschaftler an Zauberer wollt d'Justine Blau d'Espèce kënschtleresch reaniméieren. "Dat ass keng Hexerei"? An dësem Fall: dach! Explicatioune Kerstin Thalau.