Kultur
D'Sophie Jung héiert hir Skulpture schwätzen
4 min
D'Sophie Jung, Joergang 1982, kënnt aus enger vun de bekannsten Theaterfamille vu Lëtzebuerg. Verständlech, datt si als Teenager e Bou ronderëm de Konschtbetrib gemaach huet. Bis si op der Uni verstanen huet, datt d'Konscht awer déi Sprooch wier, an där si sech am beschten ausdrécke kéint.
No erfollegräiche Mediekonscht-Studie lieft a schafft d'Sophie Jung haut zu Basel an zu London. Bis de 25. Oktober presentéiert si am Casino an der Ënneschtgaass hir Skulpturen-Expo "They Might Stay the Night". Déi bosseg Figuren hunn d'Sophie Jung zu allerlee Geschichten inspiréiert. Hei ee Beispill.