Kultur
De Chercheur Jordi Ballesta kräizt Fotogenren
6 min
1959 huet den Agrozenter zu Miersch seng Dieren opgemaach: an 20 Gebaier si Produite vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft stockéiert, transforméiert, analyséiert a verkaf ginn. Elo kommen nei Residenzen a Commercen op dëse Site. Virun der Demolitioun huet de Fotograf Christian Aschman, am Optrag vum CNA, den Industrie-Patrimoine am Bild festgehalen. Seng Observatioune stellt hien am CNA zu Diddeleng aus. Parallel dozou ass de 4. Juli eng Konferenz zum Theema "commande photographique". D'Kerstin Thalau huet mam Conférencier Jordi Ballesta geschwat.