Kultur
Sammelen an Zäite vu Corona
9 min
Nei sozial Kontakter op Distanz, intensiv bis traumatesch Erliefnesser a Saache Krankheet an Doud, existenziell Ängscht ... d'Corona-Kris bedeit en déiwen Aschnëtt an eis Zäit, eisen Alldag, eis Gewunnechten.
Dat versichen den Ament verschidden Institutiounen mat Hëllef vu mëndlechen Temoignagen oder Fotoen ze dokumentéieren. Vill vun de Verännerunge si mat Objete verbonnen. Déi relevant ze fannen, ze sammelen an ze versuergen ass den Defi, dee sech ënner anerem de Lëtzebuerg City Museum an den Nationalmusée ginn hunn. Explikatioune vum Kerstin Thalau.