Kultur
Wat geschitt "Zwischen Tor und Torschrei"?
8 min
De Moler Helmut Dorner ass 1952 am Schwarzwald op d'Welt komm, huet Enn den 1970er un der renomméierter "Kunstakademie Düsseldorf" studéiert, tëschent 1989 an 2020 Konscht op der "Akademie der bildenden Künste Karlsruhe" enseignéiert; parallel dozou seng eegen abstrakt, geometresch, Molereie weiderentwéckelt. Hien zielt aktuell an Däitschland zu de wichtegste Vertrieder vu senger Generatioun.
Bis September kënnt Dir nei Helmut-Dorner-Wierker an der Galerie Nosbaum-Reding entdecken. D'Kerstin Thalau huet sech mam Moler ënnerhalen.