Kultur
Komparatistik, Foucault an e Colloque
"Motiv an Themefuerschung ass eben een Deel, e grousse Pillier vun der Komparatistik. Wann een d'Literatur vergläicht, kann een historesch vergläichen, et kann ee kulturell a sozial Kontexter vergläichen, et kann ee Sprooche vergläichen, et kann een awer och Motiver an Theme vergläichen" Sebastian Thilges. Dëse Weekend organiséiert d' "Societé luxembourgeoise de littérature générale et comparée" fir d'drëtt e Colloque iwwer vergläichend Literaturwëssenschaften. Wat sinn d'Themen a wat ass iwwerhaapt d'SLLGC? D'Valerija Berdi huet mam President vun der Gesellscft dem Dr. Sebastian Thilges geschwat.
Episoden
Hannah Ida
D'Lëtzebuerger Musekerin huet nei Musek dobaussen. Mir hu mat hir doriwwer geschwat.
Mel Bonis - eng verstoppten Identitéit mat ville Facetten
D'Geiistin Sandrine Cantoreggi an d'Pianistin Sheila Arnold widme sech an engem Projet der Musek vun der Melanie Bonis. Eng Kënschtlerin, déi trotz verstoppter Identitéit immens vill Musek hannerlooss huet.
Berlinale (10) Interview mam Lionel Baier
De Jeff Schinker huet sech zu Berlin mam Lionel Baier iwwer dee vu Red Lion koproduzéierte "La cache" ënnerhalen.

"Operette ist die ultimative Leidenschaft”
Operettegala mat Wiener Walzer am neie Centre culturel Machera, passend fir den 200. Gebuertsdag vum Johann Strauss II, deen 2025 gefeiert gëtt.

Filmkritik: "Confidenza"
Dem Daniele Luchetti säin Drama iwwer e Mann, dee sech selwer eng Fal gestallt huet, hunn de Michel Delage, Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi am Grousse Kino beschwat.
Berlinale (9)
Ee Gëllenen a siwe Sëlwer Bieren - an een dovu fir Lëtzebuerg

Um Radar - ënner der Woch
Wat fir Museks- a Kultur-Evenementer gëtt et zu Lëtzebuerg ënner der Woch? Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar an zielt Iech, wat op Iech zoukënnt.

Aircheck Session: AEM
Live aus dem Studio 8: Déi jonk elektronesch Pop-Musekerin zerwéiert eng Portioun Vulnerabilitéit, Danzen an Däischtert.

Abléck an déi portugisesch Museksgeschicht
Lisboa Cantat an den Dirigent Jorge Carvalho Alves schaffe schonn eng Rei Jore mat hire Chéier un Albume mat portugisescher klassescher Musek.

Berlinale (8) De Bilan virun der Präisiwwereechung
Muer (22.2.) ass d’Präisveriwwerreechung vun der Berlinale, an et dierf ee gespaant sinn, wie mam Gëllenen, respektiv de sëllege Sëlwere Bieren heemgeet.

Hommage à Alexander Mullenbach
Lëtzebuerger Musek, eng Uropféierung an eng franséisch Komponistin. Dat fënnt een um Concertsprogramm, deen dee Geéierte selwer zesummegestallt huet.

Berlinale (6) Am Gespréich mat der Céline Camara
D'Schauspillerin spillt am Wettbewerb-Film "Reflet dans un diamant mort" eng mysteriéis Rivalin vum Geheimagent John D.

"Rëmeleng, ee vun de ganz wichtege Berceaue vu menger Kreatioun"
An hirem neie Kuerzfilm zeechent d'Marie-Laure Rolland de Portrait vun der Dänzerin a Choreographin Jill Crovisier.
"L'enfantôme"
Déi lescht BD vum Fransous Jim Bishop senger "Trilogie de l'enfant"

Opwenneg a villschichteg Videoinstallatiounen zum Theema Zäit an Tiger am Mudam
Den Ho Tzu Nyen gleeft un déi empathesch Resonanz duerch Konscht.

"Picture a day like this"
Den Orchestre de Chambre du Luxembourg steet den 28. Februar op der Bün vum Groussen Theater an der Stad fir eng zäitgenëssesch Oper opzeféieren.

Berlinale (4) - Highlighte vum Festival
No enger Woch Berlinale ass Zäit fir en Tëschebilan. De Jeff Schinker gëtt ausféierlech Ablécker an déi wichtegst Filmer aus der Kompetitioun ëm de Gëllene Bier.

Claudine Muno mat "ROFF"
En neit Buch, wou sech Fakten a Fiktioun zu Péiteng begéinen.

Berlinale (3) Am Gespréich mat der Sophie Mousel
Déi Lëtzebuerger Schauspillerin ass dëst Joer direkt an zwee Filmer op der Berlinale ze gesinn: An "Der Kuss des Grashüpfers" an a "Reflet dans un diamant mort"
