Panorama
Panorama
D'Jongsozialiste wëllen den Owend beim Vott iwwer de Koalitiounsaccord mat Nee stëmmen. Eugène Berger bleift DP-Fraktiounschef bis 2021. Duerno iwwerhëlt de Gilles Baum. De Wirtschafts-Wuesstum kéint 2018-2019 bei dräi Prozent leien - also ee Prozentpunkt manner wéi dat, wat de Statec nach am Fréijoer virausgesot huet. Zu Lëtzebuerg hunn d'Post-Déngschter d'lescht Joer am Ganze ronn 194 Millioune Bréiwer a Päck zougestallt Keen Accord fir eng nei Besteierung vu groussen Internet-Entreprisen. Zu Bréissel si sech haut d'EU-Finanzministeren net eens ginn. Gilets jaunes sinn net zefridde mat den ugekënnegte Moossnamen an der Suite vun den Demonstratioune géint d'Ekosteier op Bensin an Diesel a Frankräich.