Panorama
Panorama
Éischt Analys vum neie Koalitiounsaccord vun DP, LSAP an déi gréng, deen am fréien Owend ënnerschriwwe gouf. Den neien Ministère fir Digitaliséierung dierft keen Alibi-Ministère ginn, fuerdert de Wirtschafts- a Sozialrot. De Budgetsprojet vun der Stad Lëtzebuerg fir d'nächst Joer gesäit en Defizit vun 53 an enger hallwer Millioun Euro vir. Weltklimakonferenz: Grand-Duc fuerdert méi Éiergäiz a Kampf géint de Klimawandel. Dem Flavio Becca säin Engagement zu Diddeleng geet op en Enn. Dat confirméiert de Romain Schumacher, President vum F91 Diddeleng.