arrow_back_ios
Kultur
"Versetzung" am Kapuzinertheater
Et ass sécher net deen einfachste Sujet, deen an der neister Produktioun vun de Stater Theateren abordéiert gëtt. Et geet ëm e manesch-depressive Mënsch, also e Mënsch mat enger bipolarer Stéierung. "Versetzung" heescht d'Stéck vum däitschen Auteur Thomas Melle, dat an enger Mise en scène vum Max Claesen vun haut (6.11.) un am Kapuzinertheater ze gesinn ass. Et ass en authentescht Stéck, well den Auteur Thomas Melle selwer mat dëser manesch-depreessiver Krankheet geplot ass. Detailer mam Jean Claude Majerus.