Panorama
Panorama
Marseille: Op d'mannst aacht Leit gi vermësst nodeems gëschter dräi Haiser am Zentrum vu Marseille an de Koup gefall waren Lëtzebuerger Sprooch: Wichteg Gesetztexter missten op Lëtzebuergesch iwwersat ginn, sou de neie Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch, Marc Barthelemy, am 100,7 Interview USA/Mid-Term Kongresswahlen: Déi 435 Sëtz am Representantenhaus, a 35 vun den 100 Sëtz am Senat gi nei gewielt Facebook: 30 Facebook a 85 Instagram Konte blockéiert wéinst méiglechem Versuch, d'mid-term Wahlen aus dem Ausland ze influenzéieren Lëtzebuerg/Sozialwahlen: OGBL wëll Aleba als majoritär Gewerkschaft am Finanzsecteur ofléisen an d'Majoritéit am Secteur vun den Déngschtleeschtungen halen Mëttelmier: 13 Leit erdronk, déi mat Booter aus Afrika a Spuenien ënnerwee waren Conseil de l'Europe: Mënscherechts-Kommissärin vum Europarot kritiséiert Konditiounen a griichesche Flüchtlings-Zenteren Luxembourg Music Awards: Eng éischte Kéier ginn et Luxembourg Music Awards, d'Gewënner ginn den 18. Dezember an der Rockhal annoncéiert Turnen: No sexuellen Iwwergrëff op amerikanesch Turnerinnen huet den US olympesche Komitee eng Plainte gemaach, fir der amerikanescher Turn-Federatioun hirer Statut als Dach-Organisatioun ze entzéien