Kultur
Fussball trëfft Kultur
"Fussball trifft Kultur" ass e Projet, deen 2007 op der Frankfurter Buchmesse an d'Liewe geruff gouf. An der Tëschenzäit maache ronn 650 Kanner aus 17 Stied mat, an de Projet gëtt vun der Bundesliga-Stiftung net just finanziell matgedroen. Wat hanner der Iddi stécht, Sport a Bildung zugonschte vu Kanner aus sozial schwaachem Milieu, mateneen ze verbannen, huet d'Karin Plöz, Direktesch vun der LitCam (Literacy Campaign), der Valerija Berdi op der Frankfurter Buchmesse verroden. LitCam ass eng Asbl, déi sech an Däitschland fir d'Bildungsrecht an Integratioun asetzt.