arrow_back_ios
Kultur
Fest vun der Heemecht
Mat klenge Concerten an de Foyeren fir Demandeurs d'asile huet et ugefaangen. Haut geréiert d'Associatioun "Mir wëllen iech ons Heemecht weisen" e ganze Programm mat Aktivitéiten, déi vu ville Kënschtler benevole ënnerstëtzt ginn. D'Fest vun der Heemecht ass dann e Concert mam Serge Tonnar a Legotrip, De Läb an de Cojellico's Jangen, deem säi Benefice integral un d'Associatioun geet. De Claude Faber huet Detailer.