arrow_back_ios
Kultur
Adamo, de belsche Chansonnier mat der spezieller Stëmm
E steet op der Bühn an deet mat senge Chansonen d'Häerzer schmëlzen. Hin ass een éiweg scheien an en bëssen almoudesche Mann, deen awer ouni Zweiwel e Star am Beräich franséischen an däitsche Chanson ass. Rieds geet vum Salvatore Adamo, oder einfach nëmmen Adamo, deen haut op den Dag säi 75. Gebuertsdag feiert. Den Adamo ass schonn iwwer 50 Joer laang op de Brieder, déi Welt bedeiten, doheem, an hien huet bis ewell op der ganzer Welt iwwer 90 Milliounen Placken verkaf. De Jean Claude Majerus mat engem Portrait vum belsche Chansonnier.