arrow_back_ios
Kultur
Filmfestival Villerupt, déi 41.
"And action": de 26. Oktober ass déi 41. Editioun vum "Festival du Film Italien de Villerupt" ugelaf. 1976 haten eng handvoll Jonker an der Maison des Jeunes vu Villerupt ugefaangen, thematesch Filmprojektiounen ze organiséieren. Nieft Western a Science-Fiction, war den italienesche Film een Thema. Mee deen hat du besonnege Succès, ënnert anerem wéinst der italienescher Populatioun an der Regioun. D'Martine Reuter mat weideren Explicatioune vum Festivaldeleguéierten Antoine Compagnone.