Panorama
Panorama
14 min
D'Stater Gare ass am Nomëtteg evakuéiert ginn - dat no engem falschen Alarm Trotz dem "Merde alors" vum Jean Asselborn un den italieneschen Inneminister Salvini, schéckt Lëtzebuerg weider Flüchtlingen zréck an Italien, dat kritiséiert d'Passerell asbl an engem Communiqué Sechs Superministère mat sechs Superministeren: dat proposéiert d'Handelskummer am Kader vun de Koalitiounsverhandlunge fir eng nei Regierung D'Gefor vun engem Sozialkonflikt am Bau ass vum Dësch: no laangen a schwierege Verhandlungen, hunn d'Patronat an d'Gewerkschafte sech op en neie Kollektiv-Vertrag gëeenegt Den extrem nidderege Waasserstand vum Rhäin huet och en negativen Afloss op d'Geschäfter vum Mäerterter Hafen Fir den November hu 16 Entreprisen eng Demande gemaach fir kuerz ze schaffen, dat sinn der dräi méi wéi de Mount virdrun De mobille Reseau vun der Post war haut ee Moment landeswäit gestéiert D'EU-Parlament huet fir e Verbuet vu verschiddene Plastikproduite gestëmmt - d'Propositioun vun der Kommissioun ass nach verschäerft ginn Mainz gëtt déi potentiell 6. däitsch Stad, déi en Dieselfuerverbuet aféiere muss An den USA sinn eng Rei verdächteg Päck, méiglecherweis mat Sprengstoff dran, séchergestallt ginn: beim Barack Obama a beim Bill an Hillary Clinton doheem, an och um Sëtz vum Tëleessender CNN No Washington huet elo och London annoncéiert, saudesche Verdächtegen am Khashoggi-Fall hire VISA zréckzezéien, Frankräich dréit mat Sanktiounen