Panorama
Panorama
14 min
Gambia II: Suite haut vun de Koalitiouns-Gespréicher tëscht DP, LSAP an déi Gréng Jeff Engelen (ADR): D'Sondagen zu Lëtzebuerg géifen dacks falsch leien a missten a Fro gestallt ginn Spuerkeess: Mediatioun beim Sträit ëm d'Promotiouns-Modalitéite riskéiert ze scheiteren Bausecteur: OGBL optimistesch, dass e Kompromëss fir de neie Kollektiv-Vertrag vum Patronat mat gedroe gëtt CFL: Lëtzebuerger Eisebunn gëtt vu franséischer Gewerkschaft kritiséiert no Zuchaccident (ouni Blesséierter) virun enger Woch um Triage zu Beetebuerg Kanner mat spezifesche Besoinen: Elteren an Experte misste consultéiert ginn ier betraffe Kanner an e Kompetenzzenter plazéiert ginn, sou d'FEDAS Ryanair: Iresch Bëllegfluchgesellschaft wéilt sech komplett vum Fluchhafen Hahn zeréckzéien, sou däitsch Medien Glyphosat: Am Prozess an den USA kann de Bayern Konzern mat enger däitlech reduzéierter Strof rechnen Atomwaffen: Donald Trump seet d'USA géifen hiert Arsenal vun Atomwaffe vergréissere fir Drock op Russland a China ze maachen