Panorama
Panorama
13 min
Eltere vu Kanner mat spezifeschen Besoinen déi am reguläre Lëtzebuerger Schoulsystem si ginn ëmmer méi dacks ënner Drock gesat, esou d'Kritik vun der consultativer Mënscherechtskommissioun an dem Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand Eng CSV-DP Koalitioun wier inhaltlech méi einfach a stabil wéi d'Dräierkoalitioun, dat war de Message de Moien op enger Pressekonferenz vun der CSV Den LSAP-Parteipresident Claude Haagen an den LSAP-Generalsekretär Yves Cruchten missten d'Konsequenzen zeien aus dem Wahl-Echec vun de Sozialisten, dat huet de Sammy Wagner, LSAP-Schäffe vu Stengefort a fréiere President vun de Jongsozialisten, de Moien hei op der Antenn gefuerdert Zur Fuerderung vum Sammy Wagner sot an enger éischter Reaktioun de Generalsekretär Yves Cruchten, datt dat geplangt wier Am Kader vun de Koalitiounsverhandlunge soll all Partei 3 bis 4 Persounen an déi jeeweils 11 Aarbechtsgruppe schécken, dat krute mir op Nofro hi gesot Den adr-Éirepresident a Kandidat am Osten Roby Mehlen well viru Geriicht iwwerpréiwe loossen op d'Resultat vun de Chamberwahle verfassungskonform ass Déi Leit déi net wielen ginn brauchen och an Zukunft keng Konsequenzen ze fäerten, dat huet de Parquet op Nofro confirméiert Wéinst den héijen Temperaturen dëse Summer ass d'Populatioun vu Grompere-Kiewerleken an de Bëscher vill méi grouss ginn, dat mellt d'Forstverwaltung Um EU-Sommet zu Bréissel gouf haut op en neits iwwert déi obligatoresch Ëmverdeelung vu Flüchtlingen diskutéiert Wéinst der Kashoggi-Affär boykottéieren eng Rei europäesch Ministeren an och den US-amerikanesche Finanzminister e Wirtschaftssommet d'nächst Woch zu Ryad D'CSU geet a Koalitiounsverhandlunge mat de "Freie Wähler" an net mat de gréngen - dat huet d'Parteispëtzt a Bayern haut decidéiert Zwee Deeg virun de Parlamentswahlen am Afghanistan koum et zu enger Schéisserei op engem Sécherheetssommet zu Kandahar, de Police-Chef an de Geheimdéngscht-Chef sinn ëm d'Liewe komm Véierelsfinallen haut um WTA Tennistournoi op der Kockelscheier