Panorama
Panorama
Amnesty International Lëtzebuerg: Beim Sujet Mënschrechter wieren déi politesch Parteien zu Lëtzebuerg ze vill vag Frankräich: Gewerkschaften hu fir haut zu engem Generalstreik opgeruff fir géint de Emmanuel Macron ze protestéieren a seng Politik déi, sou d'Gewerkschaften, de soziale Modell zerstéiere géif IWF: Handelskrich tëschent USA a China bremst weltwäite Wirtschaftswuesstem, sou den Internationale Wärungsfong EU Ëmweltconseil: Ëmweltminister befaassen sech mat CO2 Ausstéiss vun Autoen a Camionen UBS: Prozess géint Schwäizer Bank huet zu Paräis ugefaangen, Bank krit virgehäit Leit gehollef ze hunn Sue virum Finanzamt ze verstoppen Brett Kavanaugh: Ëmstriddene Riichter fir Posten op der Supreme Court vereedegt, Donald Trump entschëllegt sech fir "Campagne vu Ligen" géint de Kavanaugh Skripal Vergëftungs Affär: Britesch Journalisten identifizéiere russesche Militärdokter als zweete presuméierte Verdächtege fir d'Vergëftung vum fréieren Agent Skripal a senger Duechter zu Salisbury an England Buchpräis: Däitsche Buchpreis 2018 geet un d'Berliner Schrëftstellerin Inger-Maria Mahlke fir de Roman "Archipel" Frankfurt: Ufank vun der Buchmesse