Panorama
Panorama
Klimawiessel: Den UNO Weltklima-Rot warnt a sengem neie Rapport, d'Welt géif a Richtung vu plus dräi Grad steieren, eng Äerderwiermung vu maximal 1,5 Grad wier awer nach ëmmer méiglech Brasilien: De Rietspopulist Jair Bolsonaro, deen "Trump vu Brasilien" genannt gëtt, huet den éischten Tour vun de Presidentewahle gewonnen Interpol: De Chef vun der internationaler Police-Organisatioun gëtt a China festgehalen, Interpol krut e Bréif mat senger Demissioun Rumänien: Referendum iwwer Verschäerfung vum Verbuet vum gläichgeschlechtleche Bestietnis ass en Echec wéinst ze niddreger Wielerparticipatioun New York: 20 Doudeger bei Accident vun enger Limousin am Staat New York Fussball: Jeunesse Esch bleift Leader nom aachte Spilldag Handball: Käerjeng veréiert 28-33 géint Bocholt (Belsch) bem EHF Cup