Liewe mer an enger Gesellschaft, wou de Mënsch sech selwer wéi doe muss, fir sech nach ze spieren? Autosaccidenter, sexuell Erreegung duerch d'Kucke vu Blesséierten, eng kierperlech behënnert Jayne Mansfield an e grousst Geheimnis am Frigo... an dat alles an enger Sprooch voller Wuertspillereien a philosopheschen Iwwerleeungen.
Den éisträicheschen Dramatiker Ferdinand Schmalz huet et mat dëser Geschicht an de Wiener Burgtheater an och an den "Deutschen Theater Berlin" gepackt. D'Anne Simon huet en éisträicheschen Theaterensemble an d'Bühnestéck mat op Lëtzebuerg bruecht.