Et ass der Laurence Tardieu hiert 10. Buch "La fin du silence", awer dat éischt, dat bei den Editions Seuil erauskënnt. Iwwer dat, wat sech hannert de Kulissen an hannert de Maske vun de Mënschen ofspillt, erzielt si gär. Iwwer Momenter déi den Alldag op d'Kopp dréien, wann ee virum Ofgrond steet an nawell probéiert net ofzestierzen.
De Franck Colotte huet zu Nancy um Salon "Le livre sur la place" mat der Schrëftstellerin iwwer hiert Schreiwen an iwwer dat neit Buch geschwat.