Am Joer 1999, e puer Deg virun den NATO-Bombardementer vu Serbien gëtt e Camion mat 53 Läichen an der Donau, no un der rumänescher Grenz entdeckt. D'Läiche verschwannen a kee gëtt gewuer, wou dës Mënschen hierkommen a wie se sinn ... Zwee Joer méi spéit gi Massegriewer an engem Viruert vu Belgrad entdeckt, mat méi wéi 700 Läichen. Et stellt sech eraus, datt et sech hei ëm Zivilisten aus dem Kosovo handelt.
De serbesche Regisseur Ognjen Glavonic huet en Dokumentarfilm iwwer dës grausam Verbrieche gedréint an Zeie schwätze gelooss an d'Aussoe mat Biller vun de Plazen ënnermoolt. Eng Filmkritik vum Valerija Berdi.