Dräi nei Publikatiounen - de Bi-annuaire "Fundstücke/Trouvailles", eng nei Editioun an der Serie "Lëtzebuerger Bibliothéik" iwwer "Le Duc de Saint-Firmont" - an de pädagogeschen Dossier iwwer Literatur vu Lëtzebuerg goufen vum Direkter vum CNL, dem Claude Conter a senge Mataarbechterinne Ludivine Jehin an Nathalie Jacoby presentéiert.
Dono huet de Claude Conter e kuerzen awer gutt gefëllten Hierscht-Wanterprogramm opgelëscht, dee mat der aktualiséierter Liesung vum Joseph Funck senger Erzielung "Kleines Schicksal oder das ganz alltägliche Elend", enger Coproduktioun vum Kasemattentheater mam CNL, schonn de 26. September ugelaf ass.
Nächste Rendezvous ass den Donneschdeg Owend am CNL, wou bei Geleeënheet vum Raymond Schaack sengem 80. Gebuertsdag e Bléck op dem Schrëftsteller, Professer, President vun der APESS a Schreiwert vu Lieserbréiwer senger Carrière offréiert gëtt.
D'Nathalie Bender informéiert.