Dem Thomas Mann säi Meeschterwierk "Buddenbrooks" koum 1901 beim S. Fischer Verlag eraus an ass dem Fischer säi gréisste Succès ginn: Bis haut huet sech dem Thomas Mann säi Klassiker ronn 7 Millioune mol verkaf. Den S. Fischer Verlag ass virun 130 Joer gegrënnt ginn, wéi den deemools 26 Joer jonke Samuel Fischer et am Berliner "Börsenblatt" annoncéiert huet. Och aner weltbekannten Auteuren hunn beim Samuel Fischer Verlag hir Bicher erausbruecht: de Franz Kafka, Emile Zola, Fjodor Dostojewski, Leo Tolstoi, Sigmund Freud, Berthold Brecht an Hermann Hesse. Haut publizéiert de Verlag bekannten Auteure wéi Judith Hermann, Roger Willemsen, Julia Franck, Monika Maron, Yann Martel a Richard Powers.
De Jean-Claude Majerus mat Hannergrënn.