Generatioune vu Kanner hu mat der Mickey Mouse liese geléiert a bis haut goufen 1,2 Milliarde Comice verkaf, fir den Egmont Ehapa Verlag vu Berlin e stabilt Geschäft mam Heft, dat all Woch erauskënnt. A Wäert hu se, déi al Hefter, eng gutt erhale Mickey Mouse éischt Editioun huet hautdesdaags e Sammlerwäert vu ronn 13.000 Euro, deemools huet en Heft ronn 37 Cent kascht. Iwwert d’Sproochkreatiounen, d'Iwwersetzungen a literaresch Uspillunge vun der Iwwersetzerin an éischter Chefredaktesch vu Mickey Mouse, der Erika Fuchs, déi Heftercher bis 1988 iwwersat huet, goufe wëssenschaftlech Aarbechte geschriwwen. Hire sougenannte “Erikativ”, bei deem Verben op hire Wuerzel reduzéiert goufen, huet een dann als “Grummel”, “Ächz”, “Würg” a “Bibber” an de Comicen erëmfonnt. Dës Termen hunn och de Wee an d’Alldagsprooch fonnt.
De Jean-Claude Majerus erënnert sech.