D’Kuliss vun den Avengers war ganz britesch awer an engems ëmmer wäit vun der Wierklechkeet. Dat hei war e gedreemten Land, wou all d’Faarwen iwwersaturéiert sinn, wou an de Wisen ëmmer Blumme sinn a wou d’Helden mat den schéinsten an exklusiivsten Autoen fueren. Et ass och d’England vun der Exzentrik an dat ass vläicht déi wichtegsten Eegenaart vun dëser TV-Serie.
Aus dem Geheimagent John Steed, deen Ufanks nach am Trenchcoat opgetrueden ass, huet de Patrick Mac Nee lues a lues aus senger Televisiounsfigur deen elegante Vertrieder vun de britesche Gentleman gemaach, aus deem ganz séier en zäitlose Personnage gouf, dee ganz vill Mouden iwwerliewen oder einfach ignoréiere sollt. Déi éischt, ëmmer perfekt geschnidde Kostümer vum John Steed koume vum Pierre Cardin, an natierlech d’Symbol u sech: de Bowler Hat. Dobäi kennt dann nach de Prabbeli, dee fir de Steed och wuertwiertlech zum Säbel oder vill méi zum Fleuret gëtt.
Méi iwwert d'Emma Peel an den John Steed vum Christian Mosar.