Well d'Cléo Thoma a sengem wuelverdéngte Congé ass, zitt haut d'Kerstin Thalau mam Tom Dockal iwwert déi nei Filmer hier. Dat natierlech a wéi gewinnt héchst professionell an ouni subjektiv a perséinlech Kompromësser. Nieft engem franséischen Huis-clos a pubertéierenden amerikanesche Jugendlechen, déi sech endlech emol zesummerappe sollen, kréie mer et dës Woch virun allem mat alen an immens ale Bekannte vum Hollywood Popcornkino ze dinn.
"Ghostbusters" vum Paul Feig, Utopolis Kierchbierg a Belval
"Jason Bourne" vum Paul Greengrass, Utopolis Kierchbierg a Belval
"Mike and Dave Need Wedding Dates" vum Jake Szymanski, Utopolis Kierchbierg a Belval
"Mama" vum Julio Medem, Utopia
"L'économie du couple" vum Joachim Lafosse, Utopia