Scho laang lieft de somaleschen Auteur Nuruddin Farah am Exil. An awer spille seng Bicher a Somalia. D'Situatioun am Land wier nëmmen ze verstoen, wann een sech mat der kolonialer Vergaangenheet ausernaner setzt.
Den Numm Somalia fält dacks an den Noriichten. Seelen an engem positive Kontext. Biergerkrich, Spannungen, Refugiéeë si Wieder, déi mam Staat um Horn vun Afrika verbonne ginn. D’Charlotte Wirth huet sech mam somalesche Schrëftsteller Nuruddin Farah ënnerhalen. Iwwert seng Heemecht, de Kolonialismus an d’Roll vun der Literatur.