De Charlton Heston, groussen Held vu fréieren Hollywoodmammutproduktiounen hat Enn vun de 70. Joren an der filmescher Dystopie eng nei Perspektiv fir seng Carrière fonnt.
Wéi de Studiosystem sech zum New Hollywood gewandelt huet, huet et och mat der Carrière vum Charlton Heston net méi sou glorreich ausgesinn. 1968 hat den Heston 45 Joer. Hien huet dunn decidéiert an engem Filmgenre matzespillen dee bis dohinner fir hie knapps a Fro komm wier. Vun 1968 bis 1973 huet den Charlton Heston d’Haaptroll an 3 Filmer gespillt, déi haut zu de Klassiker vun der Dystopie gehéieren. "Soylent Green", "The Omega Man", an als éischten eben 1968 "Planet of the Apes".
Hannergrënn vum Christian Mosar.