Déi 69. Oplo vum "Festival del film Locarno" goung den Dënschdeg Owend (2.8.) am Chiostro Magistrale an der Locarneser Alstad, offiziell lass. Viru "Cinéphilesen" aus aller Welt a politesche Vertrieder aus dem Tessin an der Schwäiz, huet de Bundesrat fir Kultur, Alain Berset, ënnerstrach, datt d’Locarneser Juegd op de gëllene Leopard ëmmer méi Bedeitung kritt - wat bei der Aberzuel u Weltfilmpremièren, déi an de nächsten Deeg ustinn - beleet.
De J-Pol Roden mat Impressioune vum Locarneser Filmfestival 2016, deen, mat engem méi wéi impressionanten Dokumentarfilm iwwert de Bau vum éischten Eisebunnstunnel duerch de Gottardo.