An der zweeter Halschent vun de 60ger Joren huet sech den Hollywoodstudiosystem grondleeënd geännert Jonk Realisateure wéi den Arthur Penn mat sengem Bonnie and Clyde hunn den US Mainstreamkino erneiere kënnen.
Mee wéi war et mat engem anere Cinemasgenre, dem Documentaire? Och an de Sixties sinn, besonnesch eben an den USA, eng Partie Dokumentarfilmer gemaach ginn déi haut ganz gären als Klassiker vum Genre zitéiert ginn.