D’LGNM, d’Lëtzebuerger Gesellschaft fir Nei Musek, krut am September 2015 hir Conventioun mam Kulturministère gekënnegt. Eng Affaire, déi tëscht der LGNM an dem Kulturministère fir Opreegung suergt. Eng Konventiounskënnegung, déi entscheet gouf no jorelaanger Budgetskierzung a bei där et schwéier ass, enger Partei Recht oder Onrecht ze ginn. Budgetskierzungen duerch Inaktivitéit vun der LGNM heescht et vun der Säit vum Kulturministère, Budgetskierzung fir ee lues a lues futti ze maachen, heescht et op der Säit vun der LGNM.
De Manuel Ribeiro huet deene zwou Parteien déi selwecht Froe gestallt: dem Marcel Wengler vun der LGNM an dem Staatssekretär fir Kultur, dem Guy Arendt.