1. Panama Papers: Bank BayernLB wëll préiwe loossen, ob hir fréier Lëtzebuerger Duechtergesellschaft LB Lux verwéckelt war.
2. Panama Papers: D'Société Générale huet zwee Drëttel vun hiren Offshore Gesellschaften iwwert hir Filial zu Lëtzebuerg gegrënnt, esou d'Zeitung Le Monde.
3. Panama Papers: An Island fuerderen Dausende Leit de Récktrëtt vum Premier Gunnlaugsson, deen e geheime Konto am Ausland hat.
4. Déi global Militärdépensë sinn eng éischter Kéier zanter véier Joer nees geklommen, op 1676 Milliarden Dollar, esou de Fuerschungsinstitut Sipri zu Stockholm.
5. Haut solle keng Retoure vu Migranten an d'Tierkei sinn, a Griicheland hunn Honnerte Flüchtlingen eng Demande fir Asyl gemaach, déi elo fir d'éischt musse behandelt ginn.
6. British Petroleum muss 20,8 Milliarden Entschiedegung bezuele wéinst der Explosioun, viru sechs Joer, vun der Petrolsplattform Deepwater Horizon am Golf vu Mexiko.
7. Internationale Währungsfong skeptesch iwwert global Wirtschaftsprevisiounen. D'Reprise wier ze lues, ze fragil an d'Risken ze grouss, esou d'FMI Cheffin Christine Lagarde.
8. D'Pëtrolspräisser si fir den drëtten Dag hannerenee gefall, well d'Offer den Ament méi grouss ass wéi d'Demande.