07.03.2025 - 21h00 Op eiser Playlist stinn eng etlech Tracken aus dësem Genre mat Interpreten an Interpretinnen, déi sech Zäit dofir huelen - déi meescht Lidder an dëser Stonn ginn iwwer 6, 7 oder méi Minutten
Keb‘ Mo‘ live 28.02.2025 - 21h00 Am Asaz an dëser Stonn ass dem Kevin Moore säin duebele Live, “The Hot Pink Blues Album” vun 2017. E Wierk, dat dem Keb‘ Mo‘ seng Karriär a säi Mix aus Songwriting an dacks liicht verjazztem Blues beschtens erëmgëtt.
In concert 21.02.2025 - 21h00 Véier Mol geet et an dëser Stonn an de Concert: ë. a. d‘Amerikanerin Beth Hart ass Invitée vun den zwee Top-Gittaristen Joe Bonamassa a Jeff Beck.
Entspaant op Vältesdag 14.02.2025 - 21h00 Gemittleche Rock, dacks akustesch virgedroen, relax an ofgehaangen Tracks, vun Zäit zu Zäit e klenge Schotz Groove: op Vältesdag geet et an der Emissioun éischter entspaant zou.
Special Marianne Faithfull 07.02.2025 - 21h00 Mat Live-Opnamen erënnere mir an dëser Stonn un d’Marianne Faithfull. Déi englesch Musekerin an Actrice ass den 30. Januar am Alter vun 78 Joer gestuerwen.
Nick Cave an David Bowie live 31.01.2025 - 21h00 Am Juni 2000 war den David Bowie Gaascht vun der BBC an där hirem Music Theatre zu London an am Abrëll ginn et 25 Joer, datt den Nick Cave a seng Band The Bad Seeds den Album “The Good Son” publizéiert hunn.
The New Barbarians Live 24.01.2025 - 21h00 Hannert dësem Bandnumm verstoppt sech e Side Project vum Rolling Stones-Duo Ron Wood / Keith Richards.
Down Macon, Georgia 17.01.2025 - 21h00 De Sound vun der legendärer southern rock-Formatioun The Allman Brothers Band ass den Owend omnipresent.
Carla Olson a Mick Taylor live 10.01.2025 - 21h00 Am Repertoire vum Duo Carla Olson / Mick Taylor ginn et eng Hellewull Erënnerungen un de Sound an un d’Kompositioune vun de Rolling Stones ...
Cactus live 03.01.2025 - 21h00 Haarde Rock mat engem Schotz Boogie oder Blues - dat war d’Rezept vun der US-amerikanescher Band Cactus, déi aus fréiere Membere vu Vanilla Fudge entstanen ass.
Let’s go live! 27.12.2024 - 21h00 Mam Eric ‘Slowhand’ Clapton, mat der argentinesch-texanescher Kombinatioun LA Mississippi / Billy F. Gibbons (a ZZ TOP-Repertoire!) a mat Kult aus Australien, dem Angus & Co an hirem éischte Live-Album
Zeréck am Ring! 13.12.2024 - 21h00 Déi eng hunn no 16 Joer Paus erëm en Album erausbruecht deen - düster a voller Weltschmäerz - iwwerzeegt, déi aner versti sech erëm no munch Divergenzen a ginn op eng direkt ausverkaaften Tour: The Cure an Oasis.
Ian Hunter and Calvin Russell live 06.12.2024 - 21h00 Mott The Hoople war ufanks de 70er Joren d’Formatioun vum Ian Hunter (Joergang 1939). Support koum deemools vum David Bowie ...
Catfish live 22.11.2024 - 21h00 Mat Catfish ronderëm de Bandgrënner Bob Hodge kënnt an dëser Al Schanken-Stonn eng net esou bekannte Band an den Asaz.
Paul Rodgers live 08.11.2024 - 21h00 De Mann aus Middlesbrough zielt zu de grousse Stëmmen am Rockbusiness … a steet bis haut op ausverkaafte Bünen an am Studio: säi bis ewell leschten Album “Midnight Rose” koum am September 2023 eraus.
Et geet ëm d‘Lidd 01.11.2024 - 21h00 It’s all about the song: op Allerhellege geet et an der Haaptsaach ëm d’Lidd ... an dofir stinn dann och Nimm aus dem Genre Singer/Songwriter op der Playlist.
It’s only rock’n’roll… 18.10.2024 - 21h00 …but I like it: de Songtitel aus dem Rolling Stones Album mam selwechten Numm aus dem Oktober 1974 kéint duerchaus och de Motto vun hirer Karriär sinn.
Bob Dylan – live & revisited 11.10.2024 - 21h00 Den 28. Oktober kënnt de Bob Dylan, no sengem Optrëtt am Abrëll 2017, eng weider Kéier an d‘Rockhal. An den Ale Schanken proposéiere mir Extraiten aus zwee Live-Albumme vun him an eng etlech Coverversiounen.
Calexico live 04.10.2024 - 21h00 “Feast Of Wire” ass dee 4. Studioalbum vun der US-Indie-Band Calexico, déi reegelméisseg Tex-Mex-Kläng an hire Kompositiounen derbäi hunn. Hir Heemechtsstad Tucson/Arizona ass net ze iwwerhéieren.
Eng nei Saison fir déi al Schanken! 27.09.2024 - 21h00 Beim Grëff an déi musikalesch Archivkëscht kënnt Dir Lidder “vun deemools“ erëmhéieren oder awer nei entdecken. Et si bekannten Nimm derbäi an där, déi scho bal an de Vergiess gerode sinn ...