Radioen

On air

Notturno  |  The Astronoids - Birds

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Bob Dylan – live & revisited

Bob Dylan – live & revisited

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Den 28. Oktober kënnt de Bob Dylan, no sengem Optrëtt am Abrëll 2017, eng weider Kéier an d‘Rockhal. An den Ale Schanken proposéiere mir Extraiten aus zwee Live-Albumme vun him an eng etlech Coverversiounen - mol méi, mol manner bekannt Opname vu Musekerinnen a Museker, déi ‚his Bobness‘ op hir Manéier interpretéieren.

Sämtlech Tracks an dëser Stonn si signéiert Bob Dylan. Den Titel vun der Compilatioun ‚Whatever Colors You Have In Your Mind’ ass eng Textzeil aus dem Dylan Hit ‘Lay Lady Lay’, deen 1969 um Album ‘Nashville Skylne’ ze fannen ass.

Den Track ‘When I Paint My Masterpiece’ ass fir d’éischt vu senger Begleetformatioun ‘The Band’ opgeholl ginn, eréischt duerno huet den Dylan d’Lidd och selwer interpretéiert.


D’Playlist ass dës:


1. Bob Dylan – Rainy Day Woman (live) (Before The Flood, 1974)

2. Chris Thompson – Father Of Day (live) (Jukebox, 2019)

3. Joan Osborne – Tangled Up In Blue (Songs Of Bob Dylan, 2017)

4. Bob Dylan – Like A Rolling Stone (live) (Before The Flood, 1974)

5. Bob Dylan - All Along The Watchtower (live) (Before The Flood, 1974)

6. Bob Dylan – Knockin’ On Heaven’s Door (live) (Before The Flood, 1974)

7. Monica Törnell - When I Paint My Masterpiece (Whatever Colors You Have In Your Mind, 2007)

8. Ben Sidran – Gotta Serve Somebody (Dylan Different, 2009)

9. Rosie Flores – Tonight I’ll Be Staying Here With You (Whatever Colors You Have In Your Mind, 2007)

10. Bob Dylan – Tombstone Blues (live) (MTV Unplugged, 1995)

12. Bob Dylan – Dignity (live) (MTV Unplugged, 1995)

13. Richie Havens – Just Like A Woman (Mixed Bag, 1966)

14. Bob Dylan – Country Pie (Nashville Skyline, 1969)

Episoden

In concert

Mir ginn dës Stonn véier Mol an de Concert - eis Affichen heeschen Talk Talk, Paul Weller, Jean-Louis Murat a Lucinda Williams.
headphones

60 min

play_arrow

Fluid architecture

D’Lidd steet an der éischter Rei ... an et ass de Stoff fir Geschichtenerzielerinnen an - Erzieler, déi erlieften oder erduechte Momenter op hir eege Manéier vertount hunn.
headphones

60 min

play_arrow

Technicolour Dreams

Et geet an dëser Stonn virun allem eran an d’Enn Sechzeger mat Tracken, déi dacks vu legalen a besonnesch illegale Substanzen nëmmen esou strotzen.
headphones

60 min

play_arrow

The Pretenders an de Bléck op de Concertskalenner

Déi US-brittesch Band The Pretenders, 1978 gegrënnt, haten éischt Hallschent vun den 80er weltwäit eng etlech Erfolleger an den Charts ze verbuche sinn - dräi dovunner lafen an dëser Stonn an de Live-Tracken.
headphones

60 min

play_arrow

Jerry Garcia live

De Bandleader vun der legendärer US-Jamrock-Formatioun Grateful Dead huet och mat eegener Band an a villen Zesummenaarbechte Placken erausbruecht, laang Stécker, mat villen Improvisatiounen.
headphones

60 min

play_arrow

Op eiser Playlist stinn eng etlech Tracken aus dësem Genre mat Interpreten an Interpretinnen, déi sech Zäit dofir huelen - déi meescht Lidder an dëser Stonn ginn iwwer 6, 7 oder méi Minutten
headphones

60 min

play_arrow

Keb‘ Mo‘ live

Am Asaz an dëser Stonn ass dem Kevin Moore säin duebele Live, “The Hot Pink Blues Album” vun 2017. E Wierk, dat dem Keb‘ Mo‘ seng Karriär a säi Mix aus Songwriting an dacks liicht verjazztem Blues beschtens erëmgëtt.
headphones

60 min

play_arrow

In concert

Véier Mol geet et an dëser Stonn an de Concert: ë. a. d‘Amerikanerin Beth Hart ass Invitée vun den zwee Top-Gittaristen Joe Bonamassa a Jeff Beck.
headphones

60 min

play_arrow

Entspaant op Vältesdag

Gemittleche Rock, dacks akustesch virgedroen, relax an ofgehaangen Tracks, vun Zäit zu Zäit e klenge Schotz Groove: op Vältesdag geet et an der Emissioun éischter entspaant zou.
headphones

60 min

play_arrow

Special Marianne Faithfull

Mat Live-Opnamen erënnere mir an dëser Stonn un d’Marianne Faithfull. Déi englesch Musekerin an Actrice ass den 30. Januar am Alter vun 78 Joer gestuerwen.
headphones

60 min

play_arrow

Nick Cave an David Bowie live

Am Juni 2000 war den David Bowie Gaascht vun der BBC an där hirem Music Theatre zu London an am Abrëll ginn et 25 Joer, datt den Nick Cave a seng Band The Bad Seeds den Album “The Good Son” publizéiert hunn.
headphones

60 min

play_arrow

The New Barbarians Live

Hannert dësem Bandnumm verstoppt sech e Side Project vum Rolling Stones-Duo Ron Wood / Keith Richards.
headphones

60 min

play_arrow

Down Macon, Georgia

De Sound vun der legendärer southern rock-Formatioun The Allman Brothers Band ass den Owend omnipresent.
headphones

60 min

play_arrow

Carla Olson a Mick Taylor live

Am Repertoire vum Duo Carla Olson / Mick Taylor ginn et eng Hellewull Erënnerungen un de Sound an un d’Kompositioune vun de Rolling Stones ...
headphones

60 min

play_arrow

Cactus live

Haarde Rock mat engem Schotz Boogie oder Blues - dat war d’Rezept vun der US-amerikanescher Band Cactus, déi aus fréiere Membere vu Vanilla Fudge entstanen ass.
headphones

60 min

play_arrow

Let’s go live!

Mam Eric ‘Slowhand’ Clapton, mat der argentinesch-texanescher Kombinatioun LA Mississippi / Billy F. Gibbons (a ZZ TOP-Repertoire!) a mat Kult aus Australien, dem Angus & Co an hirem éischte Live-Album
headphones

60 min

play_arrow

Zeréck am Ring!

Déi eng hunn no 16 Joer Paus erëm en Album erausbruecht deen - düster a voller Weltschmäerz - iwwerzeegt, déi aner versti sech erëm no munch Divergenzen a ginn op eng direkt ausverkaaften Tour: The Cure an Oasis.
headphones

60 min

play_arrow

Ian Hunter and Calvin Russell live

Mott The Hoople war ufanks de 70er Joren d’Formatioun vum Ian Hunter (Joergang 1939). Support koum deemools vum David Bowie ...
headphones

60 min

play_arrow

Catfish live

Mat Catfish ronderëm de Bandgrënner Bob Hodge kënnt an dëser Al Schanken-Stonn eng net esou bekannte Band an den Asaz.
headphones

61 min

play_arrow

Paul Rodgers live

De Mann aus Middlesbrough zielt zu de grousse Stëmmen am Rockbusiness … a steet bis haut op ausverkaafte Bünen an am Studio: säi bis ewell leschten Album “Midnight Rose” koum am September 2023 eraus.
headphones

60 min

play_arrow